Green Event

D'Réimecher Guiden a Scoute sëtze sech fir Nohaltegkeet an éng méi propper Emwelt an. Aus dësem Grond probéiere mir, eisen ekologesche Foussofdrok sou kléng wéi méiglech ze haalen, an eist Evenement sou nohalteg wéi méiglech ze gestalten. Eist Evenement gouf dofir mam Label "Green Events" ausgezeechent. Heiduerch wëlle mir eist Engagement fir eng méi propper Emwëlt ënnersträichen.



Waat mir konkret dofir maachen

Regional & 
Bio-Produiten

Bei eisem Catering gräife mir zum groussen Deel op regional a biologesch Produiten zréck.

Offallkonzept

Op eisem Event haale mir den Offall sou geréng wéi méiglech. Do wou mir net op Verpackunge verzichte kënnen, recycléiere mir den Offall konsequent.

Transport

Eist Evenement ass ganz einfach a praktesch ze Fouss, mam Velo a mam Bus z'erreechen.

100% recycléierte Pabeier

Mir probéieren sou wäit wéi méiglech op Pabeieroffall ze verzichten. Fir Iech trotzdem beschtméiglech op eist Evenement opmierksam ze maachen verdeele mir Flyeren, déi op 100% recycléiertem (a recycléierbarem) Pabeier gedréckt goufen.